11F Sport

11F Sport Sport News and Events Wilkommen bei 11F Sport. Wir organisieren das ganze Jahr über Veranstaltungen.
(62)

Wir sind die grösste Sport Community aus Luxemburg auf deren Plattform sich Spieler, Trainer und Fans zusammenfinden. Diese reichen von Sportreisen über Freizeitturniere bis hin zu E-Sport Turniere. Like diese Seite und teile sie mit all deinen Freunden um immer auf dem Laufenden zu sein und um Nichts zu verpassen.

____________________________________________

Bienvenue à 11F Sport. Nous représen

tons la plus grande communauté de sport au Luxembourg où les joueurs, entraineurs et fans se rejoignent. Nous organisons régulièrement des évènements tout au long de l'année. Cela peut être des voyages dans des stades, des tournois de loisirs ou des tournois E-Sport. Aimez cette page et partagez-la avec tous vos amis pour ne rien manquer.

Leverkusen verléiert géint Leipzig!🚨Et ass bal net ze gleewen mee Leverkusen verléiert di éischte Kéier zanter Mee 2023 ...
31/08/2024

Leverkusen verléiert géint Leipzig!🚨

Et ass bal net ze gleewen mee Leverkusen verléiert di éischte Kéier zanter Mee 2023 ee Match an der Bundesliga!

Dobäi war Bayer 04 nach 2:0 fir. Leipzig huet awer den Uschlossgol virun der Paus geschoss an konnt de Match schlussendlech na dréinen.

Foto:ig/bundesliga

Transferwahnsinn um Deadline Day!🚨Et gëtt nach eng Kéier richteg spannend haut. Mir maan den Iwwerbléck vun den „gréisst...
30/08/2024

Transferwahnsinn um Deadline Day!🚨

Et gëtt nach eng Kéier richteg spannend haut. Mir maan den Iwwerbléck vun den „gréissten“ Transfers déi lescht 24 Stonnen:

🔄De Victor Osimhen wiesselt fir knapp 80 Mio € op Al Ahli!
🔄De Chiesa wiesselt fir 15 Mio € vun Juve op Liverpool!
🔄Den Tammy Abraham wiesselt bei den AC Mailand!
🔄De Simakan vu Leipzig wiesselt fir 45 Mio € bei Al Nassr!
⌛️Den Zaha wiesselt vu Galatasaray op Lyon!
🔄Den Amrabat wiesselt vu Florenz op Fenerbaçe!
⌛️Den Geertruida wiesselt vu Feyenoord op Leipzig!

Meenungen zu deenen Transfers?

Heidenheim sensationell an der Conference League!👏📈2009 vun der Oberliga an déi 3.Liga opgestiigen📈2014 Opstiig an déi 2...
30/08/2024

Heidenheim sensationell an der Conference League!👏

📈2009 vun der Oberliga an déi 3.Liga opgestiigen
📈2014 Opstiig an déi 2.Bundesliga
📈2023 Opstiig an déi 1.Bundesliga
🏆2024 Qualifikatioun fir d‘Conference League direkt am éischte Joer Bundesliga mam drëtt kléngste Kadermarktwert!

Foto: facebook/1.FC Heidenheim 1846

Championsleague Auslousung steet!😵‍💫🔥Mir sinn éierlech: Et ass schwéier dës Kéier di Auslousung ze resüméieren ween géin...
29/08/2024

Championsleague Auslousung steet!😵‍💫🔥

Mir sinn éierlech: Et ass schwéier dës Kéier di Auslousung ze resüméieren ween géint ween spillt mam neie Modus vun 36 Ekippen an enger Liga!

Hei mol di komplett Iwwersiicht!

Meenungen dozou?

Meenungen zum FLF Kader?🦁🇱🇺
29/08/2024

Meenungen zum FLF Kader?🦁🇱🇺

📋 ROUT LÉIWE KADER

De Kader vun eise Roude Léiwe fir d'Nations League Matcher am September🔴🦁

🕊🙏 Sven-Göran Eriksson no laanger Krankheet am Alter vun 76 Joër verscheet.Leider trefft eis een Dag no der Nooricht vum...
26/08/2024

🕊🙏 Sven-Göran Eriksson no laanger Krankheet am Alter vun 76 Joër verscheet.

Leider trefft eis een Dag no der Nooricht vum Christoph Daum sengem Doud déi nächst traureg Nouvelle vun der Trainerlegend aus Schweden.

Den Eriksson huet tëschent 2001 an 2006 déi englesch Nationalekipp trainéiert an gëllt als een vun den gréissten Trainer vun der Fussball Geschicht.

Ennert anerem war heen och Trainer vun Benfica, AS Rom, Lazio Rom, Manchester City an huet 1982 sensationell den IFK Göteborg zum Gewenn vum Uefa Cup gefouert.

De Christoph Daum as an der Nuescht vun e Samsden op e Sonnden verstuewen 🕊🙏No laanger Krankheet as den däitschen Traine...
25/08/2024

De Christoph Daum as an der Nuescht vun e Samsden op e Sonnden verstuewen 🕊🙏

No laanger Krankheet as den däitschen Trainer am Alter vun 70 Joër vun eis gaangen. Heen huet zënter 2022 un Longenkrebs gelidden.

Zu sengen gréissten Erfollescher zielen 1992 den sensationellen Meeschtertitel mam VFB Stuttgart, esou wéi weider Meeschtertitelen an der Türkei (Besiktas 1995, Fenerbahce 2004 2005) wéi och an Éisteräich (Austria Wien 2003). Vizemeeschter gouf heen mat Bayer Leverkusen an mam 1. FC Köln.

Am Joër 2000 hätt den Daum sollten Bundestrainer vun Däitschland ginn. Deem as awer net esou geschitt, well heen mat enger Hoerprouw positiv op Kokain getest gouf.

Last-Minute Leverkusen is back!!🔥Et ass net ze gleewen! Um éischte Spilldag vun der Bundesliga huet Leverkusen an der 10...
23/08/2024

Last-Minute Leverkusen is back!!🔥

Et ass net ze gleewen! Um éischte Spilldag vun der Bundesliga huet Leverkusen an der 101ter Minutt de Match mach gewonenn nodeems Gladbach een 0:2 opgeholl hat. Bayer 04 kruut an der 99ter Minutt een Eelefmeeter deen per Noschoss eragaangen ass.

Foto:ig/bayer04fussball

Manuel Neuer trett aus der Nationalekipp!🚨🇩🇪Nodeems den Gündogan, Kroos an Müller hieren Récktrett erkläert hunn, huet e...
21/08/2024

Manuel Neuer trett aus der Nationalekipp!🚨🇩🇪

Nodeems den Gündogan, Kroos an Müller hieren Récktrett erkläert hunn, huet elo den Manuel Neuer annoncéiert, net méi fir DFB Elf opzelafen.

Den André Ter-Stegen gëtt di nei Nummer 1 vun Däitschland.

Foto:ig/manuelneuer

David Jonathans verlängert bis 2026!🇱🇺Den 20 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller verlängert beim FC Bayern an gëtt elo...
19/08/2024

David Jonathans verlängert bis 2026!🇱🇺

Den 20 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller verlängert beim FC Bayern an gëtt elo eng Saison an déi zweet hollänesch Divisioun bei den FC Den Bosch ausgeléint.

Mir wënschen dem David Jonathans nemmen dat bescht 👏

Foto:ig/david.jonathans

Olesen schéisst Köln weider!🇱🇺Wat ee Comeback!Nodeems den Olesen lescht Saison vu Köln verléint gouf, ass hien elo nees ...
18/08/2024

Olesen schéisst Köln weider!🇱🇺

Wat ee Comeback!
Nodeems den Olesen lescht Saison vu Köln verléint gouf, ass hien elo nees zréck an stoung haut och an der Startelf am DFB Pokal zu Sandhausen.

Den Olesen huet an der Verlängerung den wichtegen 3:2 fir Köln geschoss an huet duerno souguer den Man-Of-The-Match Award kritt!

Staark👏

Foto:ig/dfb_pokal

Real Madrid gewënnt de Super Cup!🏆Den éischten Titel huet den M‘bappé haut op sengem éischte Match mat Real Madrid kritt...
14/08/2024

Real Madrid gewënnt de Super Cup!🏆

Den éischten Titel huet den M‘bappé haut op sengem éischte Match mat Real Madrid kritt!

2:0 gewënnt Madrid géint den Europaleague Gewënner Atalanta. Den M‘bappé huet den zweete Gol vum Match haut geschoss.

Foto:ig/realmadrid

Spuenien gewënnt Goldmedaille 🥇🇪🇸An enger spannender Finall hunn d‘Spuenier an der Verlängerung géint Frankräich mat 5:3...
09/08/2024

Spuenien gewënnt Goldmedaille 🥇🇪🇸

An enger spannender Finall hunn d‘Spuenier an der Verlängerung géint Frankräich mat 5:3 gewonnen nodeems et mat 3:3 an d‘Verlängerung gaangen ass.

D‘Spuenier waren 3:1 fir éier d‘Franzousen nach per Eelefmeeter an der 90ter Minutt konnten ausgläichen.

Domadder hunn d‘Spuenier no der EM also och den Fussballsturnéier vun den olympesche Spiller gewonnen!

Füllkrug wiesselt op West Ham!🧨🚨Elo mussen Dortmund Fans staark bleiwen! Den Niclas Füllkrug wiesselt tatsächlech vun Do...
02/08/2024

Füllkrug wiesselt op West Ham!🧨🚨

Elo mussen Dortmund Fans staark bleiwen! Den Niclas Füllkrug wiesselt tatsächlech vun Dortmund op West Ham fir knapp 30 Milliounen Euro. Kontrakt bis 2027!

Lescht Saison huet hien 12 Goler an 8 Assists an der Bundesliga gehat

Richteg Entscheedung vum BVB hien goen ze loossen?

Foto:ig/niclas.fuellkrug24

Skandal bei den olympesche Spiller!🥊Haut huet d‘Italienerin Angela Carini no 45 Sekonnen géint d‘Algiererin Imane Khelif...
01/08/2024

Skandal bei den olympesche Spiller!🥊

Haut huet d‘Italienerin Angela Carini no 45 Sekonnen géint d‘Algiererin Imane Khelif missten opginn, wëll et duerch ee ferme Coup vum Khelif keng Loft méi duerch d‘Nues kritt huet.

D’Imane Khelif steet ferm an der Kritik. Schonn 2023 konnt si op enger WM an der Finall net deelhuelen, weinst ze héigen Testosteronwerter. Et ginn keng eindeuteg Beweiser dat d’Algerieren also ee Mann oder eng Fra ass. Männer kennen anscheinend 162 Prozent méi staark schloe wéi Fraen.. Op den olympesche Spiller dierf si (heen?) awer deelhuelen.

Meenungen dozou?

Carlos Sainz wiesselt op Williams!🏎️De Spuenier wäert ab 2025 net méi fir Ferrari fueren. Den Lewis Hamilton wiesselt jo...
30/07/2024

Carlos Sainz wiesselt op Williams!🏎️

De Spuenier wäert ab 2025 net méi fir Ferrari fueren. Den Lewis Hamilton wiesselt jo bekanntlech bei d‘Scuderia di nächst Saison.

Domadder kritt Williams ee staarke Fuerer an hieren Formel 1 Auto. Dëst Joer huet d‘Williams Ekipp eréischt 4 Punkten um Konto stoen.

Op dat mam Sainz nächst Joer ännert?

28/07/2024

RESPEKT 🙏🇱🇺

George Russell gewënnt zu Spa!🏎️Mercedes is back! Den George Russell gewënnt virum Hamilton an Piastri. Den Verstappen g...
28/07/2024

George Russell gewënnt zu Spa!🏎️

Mercedes is back! Den George Russell gewënnt virum Hamilton an Piastri. Den Verstappen gëtt nëmme fennëften. Domadder huet den Hollänner säit 4 Coursen nemmei gewonn an steet fir zweet hannerteneen net op enger Podiumsplaz.

Wat leeft momentan bei Red Bull schief?

🦁🔴⚪️
19/07/2024

🦁🔴⚪️

Eis Rout Léiwinnen treffen an der éischter Ronn vun de Playoffs fir d'Women's EURO 2025 op de fréiere Weltranglëschtenéischten aus Schweden🇱🇺🇸🇪

All d'Informatiounen zu de Playoffs ginn et hei👇
https://www.flf.lu/post-296485v4/posts/54353

Ee Beitrag, deen een net all ze oft vum bekannteste Fussballjournalist op der Welt gesäit😎👀
19/07/2024

Ee Beitrag, deen een net all ze oft vum bekannteste Fussballjournalist op der Welt gesäit😎👀

Gareth Southgate net méi Trainer vun England!🚨No der Defaite an der Finall vun der Europameeschterschaft huet den Southg...
16/07/2024

Gareth Southgate net méi Trainer vun England!🚨

No der Defaite an der Finall vun der Europameeschterschaft huet den Southgate decidéiert net méi Nationaltrainer vun England ze sinn.

Wee soll ärer Meenung no Three Lions iwwerhuelen?

Foto:X/fabrizioromano

Spuenien ass Europameeschter!🚨🇪🇸🏆🇪🇸Spuenien gewënnt mat 2:1 géint England zu Berlin! Domadder gewannen si déi véierte Ké...
14/07/2024

Spuenien ass Europameeschter!🚨🇪🇸🏆🇪🇸

Spuenien gewënnt mat 2:1 géint England zu Berlin! Domadder gewannen si déi véierte Kéier dësen Titel.

Gratulatioun👏

Carlos Alcaraz gewënnt Wimbledon!🎾🏆An der Finall huet de Spuenier kloer mat 6:2, 6:2 an 7:6 géint den Djokovic gewonnen!...
14/07/2024

Carlos Alcaraz gewënnt Wimbledon!🎾🏆

An der Finall huet de Spuenier kloer mat 6:2, 6:2 an 7:6 géint den Djokovic gewonnen!

Domadder verdeedegt den Alcaraz säin Titel!

Foto:ig/wimbledon

England steet an der Finall!🚨An der Halleffinall gewënnt England mat 2:1 géint Holland! An der 90ter Minutt huet den Wat...
10/07/2024

England steet an der Finall!🚨

An der Halleffinall gewënnt England mat 2:1 géint Holland! An der 90ter Minutt huet den Watkins den entscheedenen Gol markéiert!

Final also: Spuenien vs England

Foto:ig/england

Spuenien steet an der Finall!🚨An der Halleffinall gewënnt Spuenien mat 2:1 géint Frankräich. Den Lamine Yamal huet ee we...
09/07/2024

Spuenien steet an der Finall!🚨

An der Halleffinall gewënnt Spuenien mat 2:1 géint Frankräich. Den Lamine Yamal huet ee weltklasse Gol geschoss zum 1:1!

Meenunge zum Match?

Hamilton gewënnt zu Silverstone!🇬🇧Säit 2021 hat den Lewis Hamilton keng Course méi gewonnen! Dat huet sech awer haut geä...
07/07/2024

Hamilton gewënnt zu Silverstone!🇬🇧

Säit 2021 hat den Lewis Hamilton keng Course méi gewonnen! Dat huet sech awer haut geännert nodeems hien haut a Groussbritannien virum Verstappen a Lando Norris gewonnen huet.

England an Holland weider!🚨Eréischt am Eelefmeeterschéissen huet England haut alles kloer gemaach géint d‘Schwäiz an ste...
06/07/2024

England an Holland weider!🚨

Eréischt am Eelefmeeterschéissen huet England haut alles kloer gemaach géint d‘Schwäiz an steet domadder an der Halleffinall wou Holland op se waard.

D‘Hollänner hunn haut den Owend an engem schwéiere Match géint Türkei mat 2:1 gewonnen.

Foto:ig/euro2024

EM Véirelsfinall Voting 🇳🇱🏆🇹🇷Haut den Owend um 21h00 ass dann di lescht Véirelsfinall vun dëser EM. Holland spillt géint...
06/07/2024

EM Véirelsfinall Voting 🇳🇱🏆🇹🇷

Haut den Owend um 21h00 ass dann di lescht Véirelsfinall vun dëser EM. Holland spillt géint Türkei, déi an der Aachtelsfinall wierklech iwwerzeegt hunn.

Ween kennt hei an d'Halleffinall?

EM Véirelsfinall Voting 🏴󠁧󠁢󠁥󠁮󠁧󠁿🏆🇨🇭D'Schwäizer sinn nieft der Türkei d'Iwwerraschungsekippe vun dëser EM. Souverän hunn s...
06/07/2024

EM Véirelsfinall Voting 🏴󠁧󠁢󠁥󠁮󠁧󠁿🏆🇨🇭

D'Schwäizer sinn nieft der Türkei d'Iwwerraschungsekippe vun dëser EM. Souverän hunn se an der Aachtelsfinall géint Italien gewonnen. Klappt dat och elo haut géint vermeintlech schwaach Englänner?

Portugal raus! Frankräich weider!🚨Am Eelefmeeterschéissen huet Frankräich géint Portugal gewonnen. Den João Félix huet d...
05/07/2024

Portugal raus! Frankräich weider!🚨

Am Eelefmeeterschéissen huet Frankräich géint Portugal gewonnen. Den João Félix huet den Penalty verschoss. Frankräich huet se all verwandelt.

Et war iwwregens de leschte Match vum Ronaldo a Pepe op enger EM.

Address


Website

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when 11F Sport posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Contact The Business

Send a message to 11F Sport:

Videos

Shortcuts

  • Address
  • Alerts
  • Contact The Business
  • Videos
  • Claim ownership or report listing
  • Want your business to be the top-listed Event Planning Service?

Share