Historesche Moment fir LAOLA 😍😍 1t Kéier Paul-Philippe-Stadion 😍😍 an en ass flott ♥️♥️♥️🍺 freeën eis op vill flott Momenter 🇱🇺🇱🇺🇱🇺 #roudeléiwhuelse 🦁🦁🦁
#BEERNALTY2K19 - WAT EN TURNEIER!!
WOW - Et gët kee Wuert wat den Dag vu gëschter besser beschreiwe géif!!😍
Op dësem Wee gratuléiere mir nach eemol eisem Gewënner vun der Editioun 2019, de Käerjénger Bouwen!!🍻⚽🥇
Männer dir waart einfach stark!!
Mir félicitéieren awer och der Equipe Dynamo Tresen fir eng 2. Plaz an hiere grousse Fairplay!!🥈👏🏻👏🏻
Mir profitéieren awer och als Comité a soe VILLMOLS MERCI:
- all den Equippen a Matspiller, déi gëschter de ganzen Dag iwer eist Turnéier gerockt hun, a mat groussem Fairplay bis zum Schluss matgezunn hunn.
- dem ganze Staff, all Eenzelnem dee gëschter gehollef huet, an soumat dozou bäigedroen huet, dass d'Turnéier esou konnt stattfannen.
- dem Uespelter Fussball, fir eng super Zesummenarbëscht.
- eise 4 DJen, déi gëschter bei beschtem Wierder déi beschte Musëk opgeluecht hunn.
- all eise Sponsoren, ouni déi eis Evenementer esou net kéinten réaliséiert ginn
- Jidderengem, dem op wéi engem Wee och ëmmer, d'Laola asbl supportéiert, an eis esou ëmmer ërem nees uspornt, de Maximum aus eis an eisen Evenementer erauszehuelen.
Mir als Comité hoffen dass et Iech esou gudd gefall huet ewéi eis, dass mir Iech spéitstens d'näechst Joër eremgesinn, a wëschen Iech Alleguerten schéin Ouschteren!!😁🤘🏻
LAOLA - CELEBRATING SPORTS