10/09/2021
Halunken an aner Spilunken den 30.10 an der Molli Bar
Line-Up:
Mambo Schinki
Space-Uergel-Beethoven, Huftata-Kinnek, Trash-Gott: Et kann ee soen, dass de Mambo Schinki eng regionalberühmten Stemmungsgranat vu Weltformat ass. Wann hie spillt, dann gëtt et keen Halen méi. Ob Polka, Mambo, Rumba, Disko oder Walzer – op senger Yamaha D- 85, der gréissten jeemools gebauten Heemuergel aus dem Joer 1982, kann de Solo-Entertainer einfach alles spillen. Mat sengen fetzegen Old-School-Beats a sengen trashegen Medleys aus der Rock- a Popgeschicht entsteet ee Party-Feierwierk, wat all Hal am Nullkommanix an een extatescht Tollhaus verwandelt, wou d’Gebeen ufänkt ze wibbelen an d’Strass ufänkt ze téinen an Duuscht ze kréien. Dir gleewt dat net? Dann iwwerzeegt iech selwer!
Links:
https://www.facebook.com/profile.php?id=100063571631912 https://www.instagram.com/mambo.schinki/ https://soundcloud.com/mamboschinki
D‘Halunken
D'Halunken - Dat sinn eng Këscht an eng Rëtsch Stëmmen, Säiten, Tasten an Troteren, déi hier eegen musikalesch (On)Vollkommenheet mat vill Freed an Häerzlechkeet zum Erkléngen bréngen. Mol méi ausgeloossen a verspillt, mol méi verdreemt, duuss an zerbriechlech sinn sou eegen Lidder an Interpretatiounen op Englesch, Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch entstanen, déi dozou alueden a sech ze goen, matzewibbelen an ze sangen.
Maacht iech gefaasst op eng geballten Ladung Liedermacherei mat deem gewëssen extra Zauberwumms!
Links:
https://www.facebook.com/DHalunken-990675997615283 https://www.facebook.com/search/videos/?q=d%27halunken https://vimeo.com/412048632
DRIFE
DRIFE ass eng Indie/Alternativ-Rock-Band vu Fouhren, déi sech am Joer 2018 forméiert huet. Inspiréiert hunn si sech u Bands wéi Ride, Stone Roses, The Verve, Oasis, Neil Young, Bruce Springsteen, awer och méi neien Formatiounen wéi DMA’s an Sam Fender.
Hiere matrappende Sound, hier erzieleresch Texter a melodesch-gefillsvoll Lidder hunn a relativ kuerzer Zäit di kleng a grouss Bünen vum letzebuerger Ländchen eruewert. Di éischt Singlen ‚Leave it all behind‘ an ‚All here‘ gehéieren mëttlerweil zum Repertoire vun de nationalen Radiosender. Och am Lockdown war d’Band produktiv an huet den 3. September hier EP mam Titel ‚On my mind‘ op de Marché bruecht. Freet iech also op weider powerful Hymnen, déi zum Matgoen, Dreemen an Verweilen alueden!
Links
https://www.facebook.com/drife.band https://www.instagram.com/drife.band/ https://www.youtube.com/channel/UCQio6fm67ocGMDQhHbymITg
DRIFE are an Alternative/Indie Rock band from the north of Luxembourg formed in 2018.